07. August 2016 : Pétanque mat Blëtz a.s.b.l.

Hei ass déi sportlecht Equipe vum Sonndeg, de 7. August.

Image 11.08.16 at 14.13

Et ass der léiwer Ënnerstetzung vun der Mondorfer Gemeng an dem Engagement vu sengem Club Pétanques ze verdanken, dass Blëtz a.s.b.l. folgend sportlech Aktivitéit ubidde kann.

Firwat spillen mir „Pétanque“?

  • Et ass eng Aktivitéit déi och fir Léit mat enger Behënnerung einfach zougänglech ass, mat minimalem Verletzungsrisiko.
  • Et ass e ganz gudden Training fir d’Motorik während der Réeducatioun, fuer- dert d’Präzisioun vun der Beweegung an d’Koordinatioun.
  • Et ass eng sozial Sportart déi de Kontakt mat aneren Léit bréngt, wouduerch
    och d’Sprooch an den Teamgeescht gefuerdert sinn.
  • Et motivéiert ee fir Fortschrëtter ze maachen well ee géint aner Léit spillt, a
    gëtt en Erfollegserliefniss. ( Kompetitiounsgeescht )
  • Et ass elo an der neier Hal.
  • Et wärten ëmmer e puer Memberen vum Club do si wann mir kommen, fir eis ze weisen wéi ee spillt, an och fir mat eis ze spillen.
  • De Club huet och eng eegen Buvette.
  • Et steet e riesege Parking zur Verfügung an dee ganze Site ass rollstullgerecht.
Categories :