10. März 2017 : Blëtz ënnerwee am Lycée Josy Barthel Mamer

De Blëtz ënnerwee: Op Invitatioun vun der Madame Lydie Hoffmann, Biologieprofesser am Lycée Josy Barthel, waren d’Chantal Keller, Präsidentin vum Blëtz an de Pitt Koeller, dee mat 17 Joer e Schlag hat, de 10.03.2017 am Lycée Josy Barthel.
37 interesséiert Schüler vun der 10ePS an 11ePS hu nogelauschtert a Froe gestallt.

De Sensibilisatiounsprojet gëtt  Donneschdes, de 15. Juni 2017 ofgeschloss, wou de „Grand Public” sensibiliséiert gët. De Projet soll heeschen : “E klenge Geste, eng grouss Wierkung”.