31. Oktober 2017 : 100,7 – Liewen nom Schlag

Lauschtert de Podcast:

Hei am Land maachen all Dag véier Leit en Hireschlag. Duerno ass näischt méi wéi fréier. Et ass ee gefaangen a sengem deelweis paralyséiertem Kierper, deen net méi mécht, wat ee wëllt: Seng Gedanken, säin Denken net méi a Wierder kënnen ze faassen, net méi kënnen ze schwätzen. Net méi kënnen ze goen. Et ass dat eng onsiichtbar Krankheet, déi och dacks mat sozialer Exklusioun verbonnen ass.