Pétanque
Winterpause / Pause d’hiver : décembre – début mars 2017
Nächstes Training / Prochain training : 5 März/mars 2017
Wou? Stade John Grün, rte de Remich / rue Alphonse Diederich L-5650 Mondorf-Bains
- Et ass eng Aktivitéit déi och fir Léit mat enger Behënnerung einfach zougänglech ass, mat minimalem Verletzungsrisiko.
- Et ass e ganz gudden Training fir d’Motorik während der Réeducatioun, fuerdert d’Präzisioun vun der Beweegung an d’Koordinatioun.
- Et ass eng sozial Sportart déi de Kontakt mat aneren Léit bréngt, wouduerch och d’Sprooch an den Teamgeescht gefuerdert sinn.
- Et motivéiert ee fir Fortschrëtter ze maachen well ee géint aner Léit spillt, a gëtt en Erfollegserliefniss. ( Kompetitiounsgeescht )
- Et kann een dobaussen wéi och an enger Hal spillen.
- Et wärten ëmmer e puer Memberen vum Club do si wann mir kommen, fir eis ze weisen wéi ee spillt, an och fir mat eis ze spillen.
- Mir brauche kee Material ze kafen, de Club stellt eis alles zur Verfügung.
- De Club huet och eng eegen Buvette.
- Et steet e riesege Parking zur Verfügung an dee ganze Site ass rollstullgerecht.
- Wat d’Assurancen ugeet, geet et duer, wa jiddereen eng Haftpflichtversecherung huet.
- Datumer/Dates:
- éischte Kéier ass e Sonndeg den 6. März 2016 vun 10.00 bis 12.00 Auer,
- ëmmer den éischte Sonndeg am Mount vun 10.00 à 12.00 Auer.
- 07.08.2016
- 04.09.2016
- 02.10.2016
- 02.11.2016
- 04.12.2016
Ort / lieu: Stade John Grün, rte de Remich / rue Alphonse Diederich L-5650 Mondorf-Bains






