• About Blëtz a.s.b.l.

    http://bletz.lu

    26. Oktober 2018 : Eldoradio – D’Iddi, datt just eeler Persoune betraff sinn, ass passé!

    by  • 28. Oktober 2018 • Blëtz in den Medien, Blëtz unterwegs, Neiegkeeten

    ©eldoradio.lu, 2018

    En Hireschlag – en Thema, mat deem ee sech selwer net onbedéngt beschäftegt. An awer ass et enorm wichteg, d’Warnzeechen eescht ze huelen.

    Deem ass awer net esou. Dacks geschitt et am Bekanntekrees oder souguer an der eegener Famill: D’Bom, de Pätter oder d’Mamm – datt den Hireschlag net prioritär bei der méi eelerer Populatioun optrëtt, ass dacks net jidderengem bewosst. D’Chantal Keller, Presidentin a Grënnerin vun der Blëtz asbl, ënnersträicht, datt een d’Warnzeechen net ignoréieren dierf.

    […]

    Liest de kompletten Artikel op Eldoradio.lu.

    source: http://www.eldo.lu/radio/reportagen/87271.html, consultéiert den 28. Oktober 2018.

    25. Oktober 2018 : Radio 100,7 – Invité am Moies-Magazin – Blëtz a.s.b.l. / Chantal Keller

    by  • 25. Oktober 2018 • Blëtz in den Medien, Blëtz unterwegs, Neiegkeeten

    En Hireschlag muss séier erkannt a behandelt ginn. Fir op d’Symptomer vun engem Hireschlag opmierksam ze maachen a generell iwwer den Thema ze informéieren organiséiert d’a.s.b.l. Blëtz dese Sondeg, 28. Oktober, een Dag virum Weltdag géint den Hireschlag eng Konferenz mam Professer Dr.Jörg Kesslering. Doniewt kann een sëch op der Plaz awer och mat Leit vun der a.s.b.l. Blëtz ënnerhalen, a gewuer ginn wat wichteg ass am Fall vun engem Hireschlag, a wéi ee sollt dorop réagéieren. Invité am Moiesmagazin ass dofir haut d^Presidentin vun der a.s.b.l. Bletz, d’Chantal Keller.

    source: https://www.100komma7.lu/program/episode/226508/201810251004-201810251100, consultéiert, den 25. Oktober 2018