04. Februar 2020 : De Blëtz war am Hôpital Robert Schuman

Op Invitatioun vun der Responsabeler vun der Stroke Unit um Kierchbierg, der Madamm Enita, gouf de Blëtz fir eng Formatioun vum Personal geruff. D’Präsidentin vum Blëtz Chantal Keller, huet d’Formatioun ginn an och op d’Wichtegkeet vun de Sproochen insistéiert. An enger flotter Atmosphär mat ville Froen war dës bestëmmt net de läschte Rendezvous. De Blëtz offréiert dës Formatiounen och fir d’Stroke Units vun anere Spideeler
Mir soen der Madamm Enita villmools Merci fir hiert Engagement.