11. Mäerz 2019 : „Service Club Inner Wheel Diekirch-Ettelbruck“

Den 11. Mäerz ass Blëtz vun der Madamm Christiane Koeune-Nickels, Presidentin vum Service-Club Inner Wheel Diekirch-Ettelbréck, op en Iessen am Hotel Leweck invitéiert ginn. Als Representanten vum Blëtz waren d Madamm Karin Magar an eis Tresorière Nicole Backes uwesend an hunn den generéisen cheque vun 1.500 euro un eis Associatioun Blëtz a.s.b.l entgéint geholl. Et war en Owend mat fillen Interessanten Gespréicher an Diskussiounen an Blëtz bedankt sech ganz häerzlech fir d’Ënnerstëtzung an d’Generositéit vum Service-Club Inner Wheel.