14 November 2019: Schéckiwwerreechung vum Reebou-Pavillon

D ‘Équipe vum Reebou-Pavillon aus dem Service d’ Educatioun et d’ Accueil  vun der Beetebuerger Gemeng huet op hirem Summerfest, dat den 9 Juli 2019 statt fonnt huet Spenden gesammelt déi un d’ Beetebuerger Associatioun “Blëtz a.s.b.l. gespent gi sinn.

 Eis ass et als Equipe wichteg fir déi lokal an virun allem déi méi kleng Associatiounen, un déi net esou oft geduecht gëtt, ze ënnerstëtzen. Dobäi sensibiliséieren mir d’ Kanner zu verschidden Thematiken mat deenen si sech villäicht nach net befaasst hunn.

 Den 14 November 2019 ass d ‘Madame Chantal Keller, Fondatrice vun der « Blëtz a.s.b.l », de Kanner esou wéi der Equipe vum Reebou-Pavillon offiziell Merci soe komm fir hiren Asaz op hirem Summerfest. Et gouf en Kuerzfilm gewisen an kleng Cadeauen verdeelt iwwert déi sech d’ Kanner immens gefreet hunn.  

Mir soen VILLMOOLS MERCI fir déi flott Initiative