24. Oktober 2019: De Blëtz war zu Ettelbréck am CHdN

All Joer, den 29. Oktober, ass de Weltdag vum Hireschlag. 

Deen Dag maache mir besonnesch Aktiounen, fir ze informéieren, wat de Schlag ass a wéi een e ka verhënneren.

Eist Fest ass de 27. Oktober 2019 am Beetebuerger Schlass vu 16 bis 19 Auer.

De Blëtz huet mat den Neurologen zu Ettelbréck, gratis op RDV beim Blëtz, Halsoderen getest (Dopplertest). 

De Blëtz seet den Neurologe “Villmools Merci, fir dës Zesummenaarbecht, an dass Si dat méiglech gemaach hunn!

Den Hireschlag ass oft bedéngt duerch en héije Bluttdrock.  Wärend enger Woch, vum 24. bis den 29.Oktober, ka jidderee gratis säi Bluttdrock moosse loossen, a méi wéi 41 Apdikten uechtert d’Land. 

Categories :