3. Juni 2019: De Blëtz war um „Ministère de la Santé“

De Blëtz, mat der Presidentin Chantal Keller an der Comitésmember Nicole Backes-Walesch, war op Besuch bei dem Gesondheetsministère. Leider war de Gesondheetsminister, Här Etienne Schneider verhënnert net do awer hien gouf vun der Madammen: Sonia Correia, Nadine Denis, Anne Calteux, an der Anne de Vergison vertrieden, Et war e ganz flotten Austausch, wärend deem iwwer Projete vum Blëtz geschwat gouf, besonnesch vum Nosuergezentrum fir Betraffener vun engem Schlag. Mir soen dem Staf Villmools Merci fir dee sympathesche Meeting.