7. Juni 2019- 08:00-14:00: „Charity Cross Maacher Lycée “

Den 29. Mäerz war d’Presidentin vun Blëtz Chantal Keller am Maacher Lycée fir de Blëtz fir ze stellen. All Joer organiséiert  de Maacher Lycée e Charity Cross a wielt verschidden Organisatiounen als Beneficiairen vun engem Don. De Blëtz ass dëst Joer ausgewielt ginn als eng vun den 5 Organisatiounen déi en Don kréien. De 7 Juni kann jiddereen dee well um Charity Cross deelhuelen. Mir invitéieren all eis Memberen an all eis Ënnerstëtzer op Facebook an all eisen Netzwierker un dësem Evenement deel ze huelen. Et kann een lafen an trëppelen. All Ronn déi een mécht bréngt eng gewëssen Som eran, an ënnerstëtzt den Blëtz an all déi aner Associatiounen. Wann dir wëllt matmaachen, dann mellt Iech gären an eisem Sekretariat ( 621880088), Dir kritt nämlech en extraen T-shirt mat ärem Numm wei och en Chip. Mir géingen eis super freeën, wann mir eng flott a grouss Equipe hätten, déi fir d Blëtz lafen/trëppelen géing. Mir soen elo schonn alle Memberen a Supportere Villmools Merci. E ganz groussen Merci geet natierlech och un d Schüler an un d’Enseignant fir hiert Engagement an dofir datt, Si de Blëtz als Beneficiaire gewielt hunn.

Categories :