De Blëtz offréiert de Memberen : Pétanque zu Mondorf

logo_commune_mondorf
logo_carreau_boule_mondorf
 

Wou?
Stade John Grün, rte de Remich L-5650 Mondorf-Bains

  • Et ass eng Aktivitéit déi och fir Léit mat enger Behënnerung einfach zougänglech ass, mat minimalem Verletzungsrisiko.
  • Et ass e ganz gudden Training fir d’Motorik während der Réeducatioun, fuerdert d’Präzisioun vun der Beweegung an d’Koordinatioun.
  • Et ass eng sozial Sportart déi de Kontakt mat aneren Léit bréngt, wouduerch och d’Sprooch an den Teamgeescht gefuerdert sinn.
  • Et motivéiert ee fir Fortschrëtter ze maachen well ee géint aner Léit spillt, a gëtt en Erfollegserliefniss. ( Kompetitiounsgeescht )
  • Et kann een dobaussen wéi och an enger Hal spillen.
  • Et wärten ëmmer e puer Memberen vum Club do si wann mir kommen, fir eis ze weisen wéi ee spillt, an och fir mat eis ze spillen.
  • Mir brauche kee Material ze kafen, de Club stellt eis alles zur Verfügung.
  • De Club huet och eng eegen Buvette.
  • Et steet e riesege Parking zur Verfügung an dee ganze Site ass rollstullgerecht.
  • Wat d’Assurancen ugeet, geet et duer, wa jiddereen eng Haftpflichtversecherung huet.

 

    • Datumer:
      • éischte Kéier ass e Sonndeg den 12 Juli, vun 10.00 bis 12.00 Auer,
      • duerno ëmmer den éischte Sonndeg am Mount vun 10.00 à 12.00 Auer
        • den 2. August
        • de 6. September
        • de 4. Oktober
        • den 8. November
        • den 1. Dezember

 

Unicode

Pétanque

Categories :