05. Februar 2024: Meeting vun der Association Nationale des Victimes de la Route (AVR) a Blëtz a.s.b.l.

De Blëtz an d’AVR hu sech fir ee flotten a konstruktiven Austausch zesumme fonnt. Zumools an der Sensibiliséierung vun de Follgen vun engem Hiereschlag an/oder enger Kapp Verletzung hunn dës ASBLen eng parallel Missioun wou si sech gemeinsam kenne fir déi Betraffen asetzen.

De Blëtz war duerch hier Presidentin d’Chantal KELLER vertrueden a vir d’AVR wor de Charel Bruck Vizepresident vum Verwaltungsrot an d’Catherine Turmes, Chargée de Direction present.

Categories :