10. bis 17. Juni 2024: Expo iwwert den Hiereschlag am Centre Sportif et Culturel zu Beetebuerg

D’Dominique Pott-Thomas, de Roby Heiderscheid, d’Amélia Rogerio, d’Martine Freis-Pletsch, de Pitt Koeller an d’Chantal Keller si Mënschen a verschiddene Liewensofschnëtter. Wat si matenee verbënnt? Jideree vun hinnen huet en Hiereschlag erlidden. An dat am Alter tëscht 17 an 53 Joer.

An enger klenger Ausstellung am Foyer vum Centre Sportif et Culturel zu Beetebuerg gitt dir tëscht dem 10. an dem 17. Juni méi iwwert dem Dominique, Roby, Amélia, Martine, Pitt a Chantal hir Liewensgeschichte gewuer. Den Entrée ass gratis.

👉 Weider Infoen: https://bletz.lu/11-mee-2024-konferenz-an-expo-iwwert-den-hiereschlag/

Categories :