16. September 2019 : Gemeinde Bettembourg verleiht den „Prix du Bénévole“ für Blëtz-Vorstandsmitglied

Blëtz asbl ass eng Associatioun fir Leit déi e Gehirschlag erlidden hunn. Den Logo vun der Vereenegung besteet aus dräi Käpp: Si symboliséieren de Betraffenen, seng Famill an seng Frënn.

Wat dat mat der Madame Landa ze dinn huet? Ma ganz einfach: 

Op Initiativ vum Chantal Keller, hunn 2013 de Marc Schommer als Betraffenen an d’Claudia Landa als Ugehéiere Blëtz asbl matgegrënnt.

Madame Landa huet sech niewent hirem Beruff als Assistante médicale éierenamtlech beim Blëtz agesat –  an dat mat vollem Engagement.

Niewent dem Austausch mat de ville Betraffenen an hiren Ugehéieren huet si op hire fräien Samschdegmuerenter och d’Réceptioun bei den Portes ouvertes geréiert. Net ze vergiessen, datt Si zenter Mee och bei déi allmonatlech Pétanquetreffen op hirem fräien Sonndeger tëscht 10.00 an 12.00 Auer bäiwunnt an Leit ëmfank.

 Fir hiert Engagement krut Si de Präis.

Der Bettemburger Bürgermeister, Laurent Zeimet, die SchöffinJosée Lorsché und der Schöffe Gusty Graas haben den Preis verliehen. Mit einem Umtrunk endete der schöne Abend. Wir danken der Gemeinde.