D’Chantal Keller, Presidentin vu Blëtz a.s.b.l., huet zesumme mat der Beatrice Bütgenbach, fräiwëlleg Mataarbechterin vu Blëtz a.s.b.l., un engem Gespréich mat der Ruth Herber, Beoptraagt fir d’Tourismusentwécklung, deelgeholl.
Fir säin Offer fir Familljen a betraffe Kanner weider auszebauen, freet Blëtz sech, Iech matzedeelen, datt fir d’nächst Joer déi follgend Aktivitéit agefouert gëtt:
De 17. Juli 2027 gëtt en Dag organiséiert fir Kanner, déi en AVC haten, souwéi fir hir Bridder a Schwësteren.
- D’Maximalzuel u Participanten ass op 15 Persoune limitéiert
- D’Kanner ginn an zwou Gruppen agedeelt a vun Educateuren an Educatricen encadréiert, fir eng Begleedung ze garantéieren, déi un d’Thema an d’Aktivitéite vum Dag ugepasst ass.
- Grupp 1: Kanner, déi en AVC haten.
- Grupp 2: Bridder a Schwëstere vun dëse Kanner.
Besonnesch Opmierksamkeet gëtt op d’Zesummesetzung vun de Gruppe geluecht, fir den Altersënnerscheed tëscht de Kanner esou kleng wéi méiglech ze halen. D’Zil ass et, d’Gruppen esou homogen wéi méiglech zesummenzestellen, fir datt all Kand ënnert de beschte Konditiounen un den Aktivitéiten deelhuele kann an den Austausch tëscht Kanner am selwechten Alter gefërdert gëtt.
Um Programm steet eng Visitt op e Bauerenhaff mat Déieren, wou d’Kanner Ponyen, Alpakas an aner Déiere kenneléieren an erliewe kënnen. D’Aktivitéit dauert ongeféier eng Stonn.
No der Visitt kënnen d’Familljen nach fräi am Park bleiwen, fir datt d’Kanner d’Méiglechkeet hunn, op de Spillplazen ze spillen an an enger entspaanter Atmosphär zesummen Zäit ze verbréngen.
Du musst angemeldet sein, um kommentieren zu können.