19. Dezember 2023: Retrospective 2023: Dem Marcin säi Wee

Am Kader vun 10 Joer Blëtz a.s.b.l. hu mir 10 Videoe mat Betraffenen an hire Famillje gewisen. Den siwente Video stellt Iech d’Nicole Backes-Walesch, Trésorière vum Blëtz, de Marcin Woronowicz an de Christophe Thorez vir. Den Text vum Video gouf vum Tessy Vandermerghel niddergeschriwwe a vum Paul Drauth op englesch iwwersat. D’Lidd „Verstees du mech“ ass vum Claudine Muno geschriwwen a vum Remo Cavallini begleet. De Video gouf vun der Equipe vum Daniel Di Vincenzo vun „Dividante“ gefilmt. E grousse Merci un den “Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte“ (https://www.oeuvre.lu) déi dat méiglech gemaach hunn!

Categories :