20. September 2023: D’Alessandra Lops an den Jo fueren 8000 km mam Velo fir Blëtz a.s.b.l.

No bal 7700 km a ville verschiddene Länner, sammele d’Alessandra&de Jo nach ëmmer Sue fir de Blëtz!

Eis bléiwe lo nach 3 Woche bis mir erëm wëllen zu Lëtzebuerg sinn.

Déi lëscht Woche si mir duerch Albanien a Montenegro gestrampelt. Albanien war fir eis als Vëlostouriste schwéier ze genéissen. Déi wéineg Stroosse mat ganz vill Verkéier an Offall laanscht d’Säit hunn eis geprägt. Trotzdeem hunn déi kleng Stied mat hiren immens hëllefsbereete Léit eis immens gutt gefall.

A Montenegro si mir dunn net méi aus dem Staunen eraus komm. Panorama-Route Nr. 3 huet eis duerch eng märchenhaft Landschaft gefouert, wou mir vun engem wonnerschéinen Aussiichtspunkte zum Anere gefuer sinn.
An der Bucht vu Kotor , déi zum Unesco Weltkulturerbe gehéiert, waren et virun allem déi 2 kleng Stied Kotor a Perast, déi eis begeeschtert hunn. Awer och dat kristallkloert Waasser wäert eis a gudder Erënnerung beiwen.

Aktuell si mir um Wee duerch Kroatien,an eise Kilometerzieler weist 7700km un. Mir sinn also optimistesch, datt mir déi 8000km wäerte knacken.

Haut sinn 6668€ um Blëtz-Konto!.

Mee kréie mir och déi ugepeilten 8000€ fir d’Blëtz asbl zesummen? Dat wäer dach mega!

Wanns du wëlls, kanns du en Don entweder iwwert dëse Link: https://gofund.me/40aaef60 oder iwwert Blëtz a.s.b.l. CCPLLU84 1111 7009 1792 0000 mam Vermierk “Ali&Baba cycling”

De Blëtz 🚴‍♀️🚴 ass IMMENS frou a gratuléiert dem Alessandra an den Jo fir hir EXPLOIT!

Categories :