22. Abrëll 2022: Scheckiwwerreechung vun den “Femmes Liberales”

De Blëtz war vun der Associatioun des Femmes Libérales vun der Sektioun Mamer/Suessem op hier Generalversammlung invitéiert gi fir e Scheck entgéint ze huelen.
A Presenz vun der Presidentin Mme Klopp Sylvie an der Sekretärin Mme Geimer Marianne béid Dammen vun der Sektioun Mamer/Suessem an der Presidentin vun der Associatioun des Femmes Libérales Mme Simone Beissel krut de Blëtz e Scheck vun 1500€ iwwerreecht.
De Blëtz seet der Associatioun des Femmes Libérales Mamer/Suessem en decken Merci fir deen generéisen Don.
De Blëtz war vertrueden duerch Mme Yasmine Silbereisen an Mme Backes-Walesch Nicole.