22. Dezember 2023: Retrospective 2023: Dem Emmanuel säi Wee

Am Kader vun 10 Joer Blëtz a.s.b.l. hu mir 10 Videoe mat Betraffenen an hire Famillje gewisen. Am aachte Video stellt Iech den David Lucius, Comitémember vum Blëtz , den Emmanuel an d’Riana vir. Den Text vum Video gouf vum Tessy Vandermerghel niddergeschriwwen a vum Paul Drauth op Englesch iwwersat. D’Lidd „Verstees du mech“ gouf vum Claudine Muno geschriwwen a gëtt vum Remo Cavallini begleet. De Video gouf vun der Equipe vum Daniel Di Vincenzo vun „Dividante“ gefilmt. E grousse Merci un d’ “Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte“ (https://www.oeuvre.lu) déi dat méiglech gemaach hunn!

Categories :