Den 22. Juli waren d’Lisa Hatz an d’Marie-Anne Roesgen vun der Jugend- an Drogenhëllef (JDH) am Blëtzhaus op Besuch. Zesumme mat der Presidentin vun der Blëtz a.s.b.l., dem Chantal Keller, hu si sech iwwer gemeinsam Schnëttstellen ausgetosch: Zil ass et, besser op Persounen agoen ze kënnen, déi a Folleg vun hirem Drogekonsum en Hiereschlag erleiden. An dësem Kontext gouf och iwwert direkt Auswierkungen op d’Perséinlechkeet no engem AVC diskutéiert.
D’Jugend- an Drogenhëllef an d’Blëtz a.s.b.l. wëllen an engem enken Austausch bleiwen. Sou wäert d’Blëtz-Presidentin Enn des Jores ënnert anerem eng Formatiounen iwwert d’Konsequenze vun engem Hiereschlag bei der JDH ginn. Mir freeën eis schonn op déi weider Zesummenaarbecht!
Du musst angemeldet sein, um kommentieren zu können.