24. Oktober 2023 : Préventionskampagne am CHdN 

Wéi all Joer start de Blëtz dës Woch fir de Weltdag vum Hiereschlag (29.10.) eng Préventiounskampagne an de Spideeler.

Mir hunn en Informatiounsstand an der Entrée vum Spidol an et kann ee gratis säi Blutdrock moosse loossen. Ausserdem hunn d’Leit, op Rendez-vous, e Gratis-Doppler vun engem Neurolog gemaach krut. 

Oft duerch eng verstoppten Halsoder. Den Andrang fir e Rendez-vousen war dëst Joer immens héich. Mir hoffen d’nächst Joer méi Rendez-vous’en ubidden ze kënnen.

E grousse Merci un d’Direktioun, d’Neurologen an d’ganz Personal vun de Stroke-Units, déi sech ëm Betraffener an hir Famille këmmeren, fir hiren Asaz d’ganzt Joer..

 

Den 22. Oktober hate mir eis Konferenz am Schlass zu Beetebuerg. Ënner anerem huet den Dr. Georg Galle vun der Stiftung Deutsche Schlaganfall-Hilfe en Discours gehalen. 

Dir kënnt de Video vun eiser Konferenz ab dem 29. Oktober integral op eisem Site kucken. 

All Dag kréien 4 Leit e Hiereschlag zu Lëtzebuerg.