27. Oktober 2019: Präventioun a Reaktioun ass wichteg – Fir de Weltdag vum Schlag – e Reportage op RTL

vum Monica Camposeo
source: https://www.rtl.lu/news/national/a/1423725.html RTL, 2019

Fir gréisser Komplikatiounen duerno ze vermeiden, ass et besonnesch wichteg, de Schlag esou séier ewéi méiglech ze erkennen an dann och ze reagéieren. 

D’Associatioun Blëtz huet dofir e Sonndeg am Beetebuerger Schlass mat enger Konferenz op dëse wichtege Sujet opmierksam gemaach.

De Schwéierpunkt bei der Konferenz läit ganz däitlech op der Präventioun an der richteger Reaktioun am Fall vun engem Hireschlag. D’Claudine Muno ass duerch e Fall an der Famill selwer mam Thema Hireschlag konfrontéiert ginn. Si huet fir Blëtz e Lidd geschriwwen, fir dorop opmierksam ze maachen, wéi et Mënschen no engem Schlag geet, wann d’Wierder bemol net méi esou einfach kommen.

[…] Méi liesen op RTL.lu.