27. Oktober 2023 : Préventiounskampagne am CHL

Wéi all Joer start de Blëtz dës Woch fir de Weltdag vum Hiereschlag (29.10.) eng Woch Préventiounskampagne an de Spideeler.

Mir haten am en Informatiounsstand an zesummen mat den Infirmièren vum CHL gouf iwwert Risikofacteuren vum Hiereschlag: Iwwergewiicht, Cholesterol, Diabète, Fëmmen, informéiert. Op Rendez-vous, gouf e Gratis-Doppler vun engem Neurolog gemaach.

De Blëtz war mat der Madamm Nicole Backes-Walisch, mat Madamm Karin Magar-Klein, der Madamm Tessy Vandermerghe der Madamm Gaby Riehl a mat der Madamm Chantal Keller vertrueden.

E grousse Merci un d’Direktioun, d’Neurologen an d’ganz Personal vun de Stroke-Units, fir hiren Asaz d’ganzt Joer!

 

Photos: Paul Foguenne