E ganz grousse Merci un de Serge Giuliani, de Claude Mossong, Kapitän vun de „Beaufort Knights“, an déi ganz Äishockey-Equippe, déi ee vun hire Sticken ënnerschriwwen a fir Blëtz a.s.b.l. versteet hunn! Ganzer 550 Euro sinn hei fir d’a.s.b.l. zesummekomm, déi sech fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt.
Doriwwer eraus hat d’Tresorière vu Blëtz, d’Nicole Backes-Walesch, net nëmmen déi immens Éier, de Scheck entgéint ze huelen, mee och de Match tëscht de Beaufort Knights an Haskey Hasselt ze erëffnen. A wat soll ee soen, d’Knights konnten de Match deen Owend souguer fir sech entscheeden!
Fotos © Romain Ney
Du musst angemeldet sein, um kommentieren zu können.