5. Dezember 2023: Retrospective 2023: Dem David säi Wee nom Schlag

Am Kader vun 10 Joer Blëtz a.s.b.l. hu mir 10 Videoë mat Betraffenen an hire Famillie gewisen. Den drëtte Video stellt Iech d‘Laura May, Comités-Sekretärin an Avocate à la cour, den David Lucius, neie Comités-Member, seng Ex-Fra, d‘Madamm Sara Moldovan an d‘Joffer Alessandra Lucius Mondovan, vir. D’Lidd „Verstees du mech“ ass vum Claudine Muno geschriwwen a vum Remo Cavallini begleet. De Video gouf vun der Equipe vum Ken D’Antonio, vun „Dividante“ gefilmt. E grousse Merci un den “Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte“ (https://www.oeuvre.lu) déi dat méiglech gemaach hunn!

Categories :