6. Juni 2024: Blëtz a.s.b.l. beim Club Aktiv+ Diddeleng

De 6. Juni ass d’Präsidentin vun der Blëtz a.s.b.l., d’Chantal Keller, vum Club Aktiv+ Diddeleng invitéiert ginn. Am Kader vun engem Informatiounsmoien huet si eng Präsentatioun iwwert d’Ursaachen a Konsequenze vun engem Hiereschlag fir d’Membere vum Club gehalen. De Publikum huet groussen Interessi gewisen a vill Froen zum Thema gestalt. Mir soen dem Club Aktiv+ Diddeleng vun Häerze Merci fir d’Opportunitéit, bei hinnen iwwert den Hiereschlag opzeklären. Mir freeën eis, dass si am Club opmierksam op eisen Aktivitéite maachen a besiche si ganz gären nees sur Place.

Categories :