8. Dezember 2023: Laf-Challenge fir de Blëtz vum Benoit Junk

De Benoit Junk huet sech vum 1. bis de 25. Dezember eng Laf-Challenge gesat, op där hien all Dag lafe geet.
Hien hofft Leit ze motivéieren hien op mannst bei engem Laf ze begleeden.
Dofir an och fir op d’Gesondheet opmierksam ze maachen, huet hien eng Spendenaktioun fir d’Blëtz a.s.b.l an d’Liewe geruff.

Dir kënnt dës Aktioun mat engem Don mam Vermierk “Run” op den CCPL LU84 1111 7009 1792 0000 oder iwwert Payconiq ënnerstëtzen.

Villmools Merci Benoît fir deng Ënnerstëtzung a vill Courage beim Lafe wënscht d’ganzt Blëtz-Team.

De Lafplang fannt Dir op em Benoît Junk senger Facebook-Säit.

Categories :