E Samschdeg, den 18 Januar, war d’Gesondheet vun de Frae Sujet an der Emissioun „Background am Gespréich“ op RTL Radio.
„Et gëtt eng Diskriminéierung via-à-vis vun de Fraen an der Medezin an an der Recherche. Mir hunn e strukturelle Problem am System.“ Doriwwer ware sech d’Invitéeën am Background eens, an deem sech alles ëm d’Thema Gesondheet vun de Frae gedréit huet. Invitéeë waren d’Blëtz-Presidentin Chantal Keller, d’Shirely Feider, CAPAT-Presidentin an d’Claire Schadeck vum CID Fraen a Gender.
D’Chantal Keller huet an der Emissioun betount, datt et och beim Hiereschlag net genuch Chiffere ginn an ee sech dofir als ASBL selwer engagéiert huet, Statistiken ze erhiewen. Zanter dem Ufank vun dësem Joer sammelt Blëtz dofir Donnéeë vun de Leit, déi sech bei eis per Telefon mëllen, fir esou kënnen un Zuelen an anonymiséierter Form ze kommen. Dem Gesondheetsministère no läit den Duerchschnëttsalter vun de Leit, déi e Schlag maachen, bei ongeféier 75 Joer. Aus den éischten Donnéeën, déi vun der Blëtz a.s.b.l. erhuewe gesinn, läit d’Moyenne bei 57 Joer. Männer a Frae sinn d’nämmlecht betraff.
Dat ganzt Background-Gespréich kënnt Dir hei nokucken oder nolauschteren: https://www.rtl.lu/radio/background/a/2267681.html
Du musst angemeldet sein, um kommentieren zu können.