2. August 2023: D’Alessandra Lops an den Jo fueren 8000 km mam Velo fir de Blëtz

5000km hunn mir irgendwou tëscht Padova an Ferrara erreecht.

No ville schéine Momenter mat Frënn zu München hunn mir eis Vëlo‘en duerch Innsbruck iwwert Dolomiten op Venedeg pedalléiert.

30km virun Venedeg hunn mir dann puer schéin Deeg mam Alessandra senger Famill verbruet. Lo sinn mir erëm um strampelen an sinn stolz kënnen ze soen, datt mir scho bësse méi wéi 5000km fir Blëtz mam Vëlo duerch Europa gefuer sinn.

Mee mir si nach laang net um Zil ukomm, dofir vergiesst net eise Projet weiderhin ze ennerstëtzen.

Ënnert folgenden Link kënnt dir en Don maachen, deen integral un d’Blëtz a.s.b.l. geet:

https://gofund.me/40aaef60

Mir soe villmools Merci a freeën eis op alles wat elo nach kënnt. Weider geet et elo a Richtung Bologna fir duerno kënnen duerch dei schéin Toskana ze fueren.

Grazie, bacione
Alessandra & Jo

 

Categories :