26.6.2023 CSPH: Conseil Supérieur des Personnes Handicapées

De Familljen- an Integratiounsminister Max Hahn huet d’Mandataire vum “Conseil Supérieur des Personnes Handicapées” (CSPH) genannt.

Dëse Conseil setzt sech aus 11 Memberen an 11 Suppleant zesummen, dovunner si: 5 Representants vun Associatioune vu Persounen mat enger Behënnerung oder hire Familljen, fir déi, déi sech net selwer representéiere kënnen ; 4 Representants vu Gestionnairen, déi de Persoune mat enger Behënnerung Zerwisser ubidden; 1 Representant vum “Centre national d’information et de rencontre du Handicap”, Info-Handicap ; 1 Delegéierte vum Familljeministère.

D’Zil vun enger inklusiver Gesellschaft, an där jiddereen dozou gehéiert, ass nëmmen duerch ee kollektiven Effort ze erreechen. An deene leschte Méint a Joren gouf um Familljeministère op ville Pläng dru geschafft, an dëst an Zesummenaarbecht mat Mënsche mat enger Behënnerung, mat dem CSPH a mat ganz villen anere Ministèren an Administratiounen, fir dëst Ziel gemeinsam ze erreechen.

Am CSPH war d’Präsidentin, d’Madamm Chantal Keller vertrueden an ELO huet fir 4 Joer, d’Madamm Laura May, Sekretärin vun Comité an Avocat à la cour, Plaz iwwerholl.

Categories :