8. Juni 2024: Scheckiwwerreechung zu Leideleng

Den 8. Juni ass d’Blëtz a.s.b.l. am Kader vun der „Nuit du Sport“ vun der Gemeng Leideleng invitéiert ginn. D’Yasmine Silbereisen an d’Anne Brimaire-Hoffmann hunn am Numm vu Blëtz un der Soirée deelgeholl. Bei dëser Occasioun gouf der Associatioun e Scheck an der Héischt vun 3.000 Euro iwwerreecht. D’Suen heivir si beim Wanterlaf 2024 zesummekomm, bei deem Enn Januar bal 700 Participantë matgemaach haten. Mir freeën eis immens, dass d’Gemeng Leideleng un eis geduecht hunn a soen hinne villmools Merci fir dëse generéisen Don!

Categories :