25. Mee 2023: De Blëtz op Visitt an der EPMC

Kierzlech haten d’Schülerinnen aus de Klassen 3GPS an 3GSO aus der Ecole privée Marie-Consolatrice vun Esch-Uelzecht de Blëtz an hir Klass agelueden. Als betraffe Persoun a mam Background vun enger Infirmière konnt d’Madamm Keller de Schülerinne vill Informatiounen iwwer dës Krankheet ginn. Iwwerraschend war fir d’Schülerinnen, wéi vill Leit all Dag, all Joer vun esou engem Virfall betraff sinn. Si krute mat, wéi wichteg et ass, an esou enger Situatioun séier ze reagéieren. Net schlecht gestaunt hunn d’Schülerinnen, wéi si gewuer gi sinn, datt de Wee zeréck an den normalen Alldag fir di Betraffe bis zu zéng Joer dauere kann. D’Famill brauch an dëser Zäit och vill Ënnerstëtzung. Villmools Merci den Här Scheuer fir den flotten Muergen!

Categories :