25. Oktober 2018 : Radio 100,7 – Invité am Moies-Magazin – Blëtz a.s.b.l. / Chantal Keller

En Hireschlag muss séier erkannt a behandelt ginn. Fir op d’Symptomer vun engem Hireschlag opmierksam ze maachen a generell iwwer den Thema ze informéieren organiséiert d’a.s.b.l. Blëtz dese Sondeg, 28. Oktober, een Dag virum Weltdag géint den Hireschlag eng Konferenz mam Professer Dr.Jörg Kesslering. Doniewt kann een sëch op der Plaz awer och mat Leit vun der a.s.b.l. Blëtz ënnerhalen, a gewuer ginn wat wichteg ass am Fall vun engem Hireschlag, a wéi ee sollt dorop réagéieren. Invité am Moiesmagazin ass dofir haut d^Presidentin vun der a.s.b.l. Bletz, d’Chantal Keller.

source: https://www.100komma7.lu/program/episode/226508/201810251004-201810251100, consultéiert, den 25. Oktober 2018