25. Oktober 2019: De Blëtz war zu Esch am CHEM

All Joer, den 29. Oktober, ass de Weltdag vum Hireschlag. 

Deen Dag maache mir besonnesch Aktiounen, fir ze informéieren, wat de Schlag ass a wéi een e ka verhënneren.

Eist Fest ass de 27. Oktober 2019 am Beetebuerger Schlass vu 16 bis 19 Auer.

– De Blëtz huet mat enger Neurologe zu Esch, gratis op RDV beim Blëtz, Halsoderen getest (Dopplertest) an et gouf de Bluttdrock gemoost.  De Blëtz seet dem Neurologe an eng flotte Equipe  “Villmools Merci, fir dës Zesummenaarbecht!“ 

– Den Hireschlag ass oft bedéngt duerch en héije Bluttdrock.  Wärend enger Woch, vum 24. bis den 29.Oktober, ka jidderee gratis säi Bluttdrock moosse loossen, a méi wéi 41  Apdikten uechtert d’Land.