Lauschteren:
Wéi erkennt een d’Symptomer vun engem Hierschlag
Am Schnëtt hunn hei am Land all Dag 4 Persounen en Hierschlag. En Aschnëtt an d’Liewen, dee laangfristegRepercussioune kann hunn. Eng séier Prise en chargeentscheet iwwer Liewen an Doud. Mee wéi erkennt eend’Symptomer vun engem Hierschlag a wéi reagéiert een am beschten?
Interview & Foto: Paule Rodesch
Eng séier Prise en charge vu spezialiséiertem medezineschemPersonal entscheet bei engem Hierschlag iwwer Liewen an Doud, respektiv iwwer d’Liewensqualitéit vum Patient oder der Patientin no engem Schlag.
All Spidol huet eng „Stroke Unit“
Fir esou séier wéi méiglech kënnen ze hëllefen, gëtt et an alle Spideeler eng sougenannte Stroke Unit. Eng dovun ass am CHL. Haut um 29. Oktober ass de Weltdag vum AVC-vumHiereschlag.
D’Neurologin Monique Reiff erkläert, wéi hir Aarbecht an dësen Zerwiss am CHL ofleeft.
Den CHL huet ee Stack fir Patient:innen, déi een Hierschlag gemaach hunn, mat 20 Better. Dovun si 6 Bettermonitoriséiert fir Post-Stroke. Dat heescht, fir déi Patienten, déi aus der Akut-Phas eraus sinn, a Kiné oder Ergotherapie kréien, an op eng Re-Educatiounsplaz waarden, erkläertd’Monique Reiff.
Niveau 1 an 2
Eigentlech huet all Spidol eng Stroke Unit. Dat sinn awerNiveau 1 Stroke Unit. Am CHL gëtt et och eng Niveau 2 Unitéit. D’Differenz tëschent Nieveau 1 an 2 wier net grouss, erkläert d’Monique Reiff. Den eenzegen Ënnerscheed wier, datt am CHL interventionell Neuro-Radiologen an Neurochirurge sur place sinn.
“Déi kënnen, wann zum Beispill bei engem Schlag eng groussOder zougeet, dës Oder nees opmaachen”.
Bei engem Schlag gëtt tëschent engem ischämeschen an dem bluddegen Hiereschlag ënnerscheet. Beim ischämeschen geeteng Oder zou, an de Kapp gëtt doduerch net mei mat genuchSauerstoff versuegt. Beim bluddegen Hiereschlag platzt eng Oder am Kapp an et blutt an d’Gehier.
2 Milliounen Nervenzelle pro Minutt
Wann d’Nervenzellen net mei genuch Blutt a Sauerstoff kréien, stierwe se of. Bis zu 2 Milliounen Nervenzelle pro Minutt kënne verluer goen.
„Dofir zielt am Fong all Minutt fir rëm déi Oderen opzekréien, an datt d’Nervenzellen erëm mat Sauerstoff versuergt ginn.“
Statistesch gesi wieren éischter eeler Leit vun engem Hiereschlag betraff, esou d’Monique Reiff weider.
“Well do déi ganz Risikofacteure méi matspillen. Dat heeschtde Bluttdrock, d’Fëmmen, ongesond Liewen, Zocker, de Cholesterol. Dat sinn déi Risikofacteuren, virun deene mir all net gefeilt sinn, wa mir kee gesond Liewe féieren.”
Jonk Leit an och Kanner kënnen awer och ee Schlag maachen. Bei engem Schlag huet ee keng Péng. De grousse Problem wier, datt Patienten heefeg ze spéit mierken, datt si ee Schlag hunn an deemno och d’Behandlung heefeg ze spéit kënnt.
F-A-S-T
Ob eng Persoun grad ee Schlag mécht kéint een u verschiddeSymptomer erkennen, wéi d’Neurologin erkläert. Allgemenggëllt: All Symptomer, déi op eemol ganz plëtzlech optrieden, déiten op ee Schlag hinn. Et gëtt och eng Ieselsbréck, déi eesech verhale kann: Mam Akronym FAST kann ee verschiddeSymptomer ofgoen, wéi d’Monique Reiff erkläert.
F: steet fir Face. Dat heescht, Gesiicht, wann zum Beispill de Mond schif hänkt
A: steet fir Aarm. Dat heescht, wann ech déi zwee Äerm novirstrecken an et fält een erof oder et huet een net d’Kraaft, firdéi zwee Äerm uewen ze halen
S: ass fir Speech. Dat heescht, ech kann net méi richtegschwätzen
T: steet fir Zäit, also Time. Dat heescht, wann esouSymptomer plëtzlech optrieden, ass déi wichtegstInformatioun, wéini war déi genau Auerzäit, datt déiSymptomer opgetruede sinn
112 ruffen
Dee wichtegste Schrëtt wier, direkt den 112 ze ruffen. Et sollt een do och net onbedéngt de Wee iwwer den Hausdoktersichen, well dat géif einfach ze laang daueren, esoud’Neurologin. Well all Minutt zielt, wier et hei wierklechwichteg, direkt de Noutdéngscht ze kontaktéieren. An do gëlltléiwer eng Kéier ze vill den 112 ruffen, wéi eng Kéier zemann.
Du musst angemeldet sein, um kommentieren zu können.