6. Mäerz 2023: 8000 km mam Velo fir de Blëtz

D’Ali an de Jo ginn 2023 op eng grouss Vëlosrees duerch Europa!

D’Alessandra Lops, och Ali genannt, schafft als Neuropsychologe a Psychologe an engem Spidol zu Lëtzebuerg an hat bis viru kuerzem nach e Cabinet an der Stad, wou et duerch d’Zesummenaarbecht mat Blëtz, Membere vun eis a senger Consultatioun gesinn huet. D’Neuropsychologen vu Blëtz hëllefen de Betraffene mat dëser neier a schwiereger Situatioun an den Emotiounen déi den Hiereschlag mat sech bréngt ëmzegoen a begleeden se an dëser schwiereger Zäit.

Mat hirer Rees wëlle si d’Leit sensibiliséieren, dass psychesch an physesch Gesondheet immens wichteg sinn, fir den ënnerlechen Equiliber ze halen an sech awer och viru Krankheeten ze schützen, wei eben och dem Hiereschlag. An Zesummenaarbecht mat Blëtz a.s.b.l. wëllen si op d‘Risikoen an awer och méiglech Konsequenze vum Hiereschlag opmierksam maachen.

Mir freeën eis dat d’Ali an de Jo sech Blëtz als Partnerorganisatioun erausgesicht hunn.

Fir déi 8 Méint Rees hunn si sech zum groben Zil gesat 8000 km ze fueren!

Wär et net flott wann si dann och 8.000 € Spende fir Blëtz géifen zesumme kréien?

All Don geet zu 100% un Blëtz a wäert si motivéieren a méi schwieregen Zäite weider ze pedalléieren.

Ären Impakt:

110€ – 1 psychologesch Consultatioun 

Fir déi vun Iech, déi net wëssen, wat se spende wëllen, hei sinn e puer Iddien.

  • 0,10€ pro km => 10 km = 1€
  • 0,10€ pro km => 50 km = 5€
  • 0,10€ pro km =>  100 km = 10€
  • 0,10€ pro km => 500 km = 50€
  • 0,10€ pro km => 1000 km = 100 €
  • 5€ pro 1000km = 40€
  • 10€ pro 1000km= 80€
  • 3€ pro Mount = 24€
  • 10€ pro Land

Hei de Link fir ze spenden https://gofund.me/40aaef60

Mir bewonneren hiren Courage an soen Villmools Merci fir hir Ënnerstëtzung.

Categories :