1. Juli 2022 Blëtz beim CGDIS

Op Invitatioun vu CGDIS war de Blëtz vum Dr Olivier Pierrard, dem “Directeur médical et de la santé » a vum Nicolas Rinaldis, dem “Chef de service” empfaange ginn.

Den Dr Olivier Pierrard a Nicolas Rinaldis informéiren:

“An Zesummenaarbecht mat den Spideeler an der SLN (Société Luxembourgeoise de Neurologie) huet de CGDIS ab dem 20. Juni 2022 d‘Testphase lancéiert fir en neie Projet, deen als Ziel huet, d’Prise en Charge vu Patienten mat Verdacht op Hiereschlag ze verbesseren. Hei gëllt de Slogan: TIME IS BRAIN
Et geet dorëm, d’Zeitspann esou kleng wéi méiglech ze halen tëschent dem Optrëtt vun den Symptomer an der Prise en Charge an enger spezialiséierter neuro-vasculairer Filière am Spidol. Eng europäesch Etude huet bewisen dass Lëtzebuerg an deem Beräich nach Verbesserungspotential huet.
Hei ass de CGDIS e weesentlechen Acteur wat de Volet Préhospitalier betrëfft, esouwuel d’Noutruffzentral 112, wéi och d’Rettungsequipen
op der Plaz. Dofir wëlle mir d’Ofleef optiméiere fir Zäit ze gewannen an d‘Transmissioun vun den Informatiounen tëscht Terrain an Spidol ze optimiséieren. Konkret soll dat esou oflafen dass wann den 112 beim Noutruff e Verdacht op en Hiereschlag erkennt, direkt bei der Alerte vun den Rettungsequipen
en spezifeschen Infotext verschéckt: STROKE-AVC
Wann den Equipage vun der Ambulanz dëse Verdacht confirméiert, oder eréischt op der Asazplaz feststellt, ginn si dëst als Réckmeldung un den Officier Santé am 112 weider. Den Officier Santé ass en Infirmier deen säit dem 1 Oktober 2021, 24/24 an 7/7 an der Noutruffzentral vum 112 present ass fir bei medizinesche Froen d’Operateuren vum 112 ze ënnerstëtzen. Den Officier Santé stellt dann op Basis vun engem Questionnaire, deen zesummen mat den Neurologen ausgeschafft gouf, eng Partie Froen, dat dauert ongeféier zwou Minutten, iwwer Telefon.
Opgrond vun den Äntwerten an de festgeluechten Critèrën, alertéiert den 112 direkt déi spezialiséiert Filière am Déngschtspidol fir dass do all Virbereedungen kennen geholl gi fir eng schnell Prise en Charge vum Patient ze garantéieren an esou seng Recuperatiounschancen ze erhéijen.
Mir sinn an deem ganzen Prozess ee Glidd vun der Ketten an wëllen eist dozou bäidroen, d‘Chancen fir déi betraffe Patienten ze verbesseren. Weiderhin gëllt et bei Symptomer déi op en Hiereschlag kennen hindeiten, direkt den 112 unzeruffen.”

Vum 20. Juni 2022 ass déi wonnerbar nei Organisatioun vum CGDIS a Kraft! Spéidestens an engem Joer huet Lëtzebuerg de Register, deen de Blëtz a SAFE (Stroke Alliance for Europe) gären hätten, also déi genee Zuel vun Hiereschléi hei am Land! De Blëtz ass immens DANKBAR all déi Leit, no engem Hiereschlag elo eng besser Chance hunn.

Dësen Text ass vum Dr Olivier Pierrard a vum Nicolas Rinaldis:

 

“An Zesummenaarbecht mat den Spideeler an der SLN (Société Luxembourgeoise de Neurologie) huet de CGDIS ab dem 20. Juni 2022 d‘Testphase lancéiert fir en neie Projet, deen als Ziel huet, d’Prise en Charge vu Patienten mat Verdacht op Hiereschlag ze verbesseren. Hei gëllt de Slogan: TIME IS BRAIN

Et geet dorëm, d’Zeitspann esou kleng wéi méiglech ze halen tëschent dem Optrëtt vun den Symptomer an der Prise en Charge an enger spezialiséierter neuro-vasculairer Filière am Spidol. Eng europäesch Etude huet bewisen dass Lëtzebuerg an deem Beräich nach Verbesserungspotential huet.

Hei ass de CGDIS e weesentlechen Acteur wat de Volet Préhospitalier betrëfft, esouwuel d’Noutruffzentral 112, wéi och d’Rettungsequipen

op der Plaz. Dofir wëlle mir d’Ofleef optiméiere fir Zäit ze gewannen an d‘Transmissioun vun den Informatiounen tëscht Terrain an Spidol ze optimiséieren. Konkret soll dat esou oflafen dass wann den 112 beim Noutruff e Verdacht op en Hiereschlag erkennt, direkt bei der Alerte vun den Rettungsequipen

en spezifeschen Infotext verschéckt: STROKE-AVC

Wann den Equipage vun der Ambulanz dëse Verdacht confirméiert, oder eréischt op der Asazplaz feststellt, ginn si dëst als Réckmeldung un den Officier Santé am 112 weider. Den Officier Santé ass en Infirmier deen säit dem 1 Oktober 2021, 24/24 an 7/7 an der Noutruffzentral vum 112 present ass fir bei medizinesche Froen d’Operateuren vum 112 ze ënnerstëtzen. Den Officier Santé stellt dann op Basis vun engem Questionnaire, deen zesummen mat den Neurologen ausgeschafft gouf, eng Partie Froen, dat dauert ongeféier zwou Minutten,  iwwer Telefon.

Opgrond vun den Äntwerten an de festgeluechten Critèrën, alertéiert den 112 direkt déi spezialiséiert Filière am Déngschtspidol fir dass do all Virbereedungen kennen geholl gi fir eng schnell Prise en Charge vum Patient ze garantéieren an esou seng Recuperatiounschancen ze erhéijen.

Mir sinn an deem ganzen Prozess ee Glidd vun der Ketten an wëllen eist dozou bäidroen, d‘Chancen fir déi betraffe Patienten ze verbesseren. Weiderhin gëllt et bei Symptomer déi op en Hiereschlag kennen hindeiten, direkt den 112 unzeruffen.”

Vum 20. Juni 2022 un ass déi wonnerbar nei Organisatioun vum CGDIS a Kraft! Spéidestens an engem Joer huet Lëtzebuerg de Register, deen de Blëtz a SAFE (Stroke Alliance for Europe) gären hätten, also déi genee Zuel vun Hiereschléi hei am Land! De Blëtz ass immens DANKBAR all déi Leit, no engem Hiereschlag  elo eng besser Chance hunn.

TIME IS BRAIN

Categories :