1. Mee 2023 : 8000 km mam Velo fir de Blëtz

Am Moment ass d’Alessandra zu Sevilla an ass mat sengem Vëlo 1908km gefuer!

Heimadde wollten den Jo an ech iech villmools Merci soen fir all déi generéis Don.
Mir kënnen dat ganzt net a Wieder faassen.
Et ass op jiddefalls schéin op är Ënnerstëtzung kënnen ze zielen. Mir wëssen dat wierklech ze schätzen.

Am Moment sinn ech zu Sevilla an hunn mat mengem Vëlo 1908km zesummen gestrampelt. Simultan sinn souguer 2515€ spenden fir Blëtz a.s.b.l. zesummen komm.
Ech wäert definitiv nach puer km mam Vëlo ënnerwee sinn. Lo geet et erëm Richtung Norden vun Spuenien. Um Plang steet den Camino Via de la Plata. Den zitt sech vun Sevilla bis op Santiago de Compostela. Ech wäert e groussen Deel dovun offueren.

Déi psychesch an physesch Gesondheet ass weiderhin ee ganz wichtegt Thema fir dat mir eis mat eisem Projet wëllen staark maachen. Duerch e gesonden Liewensstil kann den ënnerlechen Equiliber gehalen ginn an sech virun Krankheeten wéi dem Hiereschlag geschützt ginn.

Et ass na net ze spéit en Don ze maachen an soumat eise Projet an Zesummenaarbescht mat der Blëtz asbl. ze ënnerstëtzen.

Ënner folgendem Link kënnt dir en Don maachen https://gofund.me/40aaef60

Mir soen Merci am viraus an freeën eis iwwert Är Ënnerstëtzung,

Ali (Alessandra) & Baba (Jo)

Ären Impakt:
110€ – 1 psychologesch Consultatioun

Fir déi vun Iech, déi net wëssen, wat se spende wëllen, hei sinn e puer Iddien.
0,10€ pro km => 10 km = 1€
0,10€ pro km => 50 km = 5€
0,10€ pro km => 100 km = 10€
0,10€ pro km => 500 km = 50€
0,10€ pro km => 1000 km = 100 €

D’Ali an de Jo ginn 2023 op eng grouss Vëlosrees duerch Europa!
D’Alessandra Lops, och Ali genannt, schafft als Neuropsychologe a Psychologe an engem Spidol zu Lëtzebuerg an hat bis viru kuerzem nach e Cabinet an der Stad, wou et duerch d’Zesummenaarbecht mat Blëtz, Membere vun eis a senger Consultatioun gesinn huet. D’Neuropsychologen vu Blëtz hëllefen de Betraffene mat dëser neier a schwiereger Situatioun an den Emotiounen déi den Hiereschlag mat sech bréngt ëmzegoen a begleeden se an dëser schwiereger Zäit.
Mat hirer Rees wëlle si d’Leit sensibiliséieren, dass psychesch an physesch Gesondheet immens wichteg sinn, fir den ënnerlechen Equiliber ze halen an sech awer och viru Krankheeten ze schützen, wei eben och dem Hiereschlag. An Zesummenaarbecht mat Blëtz a.s.b.l. wëlle si op d‘Risikoen an awer och méiglech Konsequenze vum Hiereschlag opmierksam maachen.
Mir freeën eis dat d’Ali an de Jo sech Blëtz als Partnerorganisatioun erausgesicht hunn.
Fir déi 8 Méint Rees hu si sech zum groben Zil gesat 8000 km ze fueren!
Wär et net flott wa si dann och 8.000 € Spenden fir Blëtz géifen zesumme kréien?
All Don geet zu 100% un Blëtz a wäert si motivéieren a méi schwieregen Zäiten weider ze pedalléieren.

Categories :