10. September 2026: Gesond Diddeleng

Wéi all Joer huet d’Blëtz a.s.b.l. den 10. September 2026 um Dag vun „Gesond Diddeleng an Zesummenaarbecht mam Centre Hospitalier Emile Mayrisch“ deelgeholl.

D’Nicole Walesch, Tresorière vun der Blëtz a.s.b.l., an d’Taïssia Agostinelli, Member vum Comité vun der Blëtz a.s.b.l., hunn d’Associatioun mat engem Informatiounsstand vertrueden an de Visiteuren Informatiounen iwwer d’Aarbecht vun der Blëtz a.s.b.l. an d’ Präventioun vum AVC ginn.

Nieft 28 Informatiounsstänn goufen ënner anerem medezinesch Tester, Berodungen, e Workshop zur Stuerzpräventioun an eng interaktiv Ausstellung zum Thema Liewensmëttelverschwendung ugebueden. E Schwéierpunkt louch dëst Joer op der Präventioun vu Blosen- a Prostatakriibs.

Fir eis war et eng flott Geleeënheet, mat de Leit an den Austausch ze kommen, hir Froen ze beäntweren an iwwer d’Thema Hiereschlag ze schwätzen. Mir hu eis gefreet, bei dësem Dag dobäi ze sinn an eis Erfarungen an eisem Wësse mat de Leit ze deelen.

Mir soen der Stad Diddeleng villmools Merci fir d’Invitatioun an der Gesondheets- a Sozialversécherungsministesch Martine Deprez, esou wéi dem Dr. René Metz, Direkter vum CHEM, fir hiren Interessi an hire Besuch op eisem Stand.

Categories :