13. Mee 2022: Réunioun am Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM)

Lëtzebuerg huet véier Spideeler (CHEM, CHL, HRS, CHdN) mat extrae Statiounen fir Leit mat engerm Hiereschlag, de Stroke-Units. Dat ass am Süden de CHEM mat 4 Better, am Norden de CHdN mat 3 Better, an der Stad de CHL mat 6 Better an dem HRS mat 4 Better.

D’Zertifikatioun vun den Stroke-Units ass eng Fuerderung vun SAFE + ESO, de Blëtz ass zënter 2016 eent vun de 35 Länner.

Mat der Pandemie haten D’Spideeler aner Suergen, awer elo gëtt mat neier Energie d’Zertifikatioun lancéiert.

Mat enger PowerPoint gouf Missiounen an nei Projekter virgestallt. Mat engem flotten Austausch vun intressanten Iddien vum Dr Serge Meyer, Directeur médical, (entschëllegt war den Dr René Metz, Directeur général), vum Dr Dirk Ulbricht, Neurologue a vum Dr Yassine Bouhnik (Rééduction gériatrique et neurovasculaire CHEM, Site Dudelange) schaffe mir nach ëmmer, an och an Zukunft, gutt zesummen.

 

Categories :