17. a 19. Dezember 2016: Chrëschtconcerten vum Mandolinneveräin “La Lyre” vu Guedber

Op Invitatioun vun eisem Blëtzmember, der Madame Danielle Werner an op Invitatioun vun der Präsidentin vum Mandolinnenorchester „La Lyre“ Godbrange asbl , Juliette Schroeder-Clement gouf de Blëtz op 2 Benefizconcerten virun Krëschtdag agelueden. d’Quête war integral fir de Blëtz. Mat der Präsidentin vum Blëtz, der Madame Keller war och Madame Karin Magar an Madame Claudia Heiderscheid begeeschert vum Concert. Samsdes, de 17.12., em 19h huet de Guedber Mandolinneveräin zesummen mat dem Kannerchouer vu Beggen gespillt. Sonndes, de 18.12., em 17h; huet de Guedber Mandolinneveräinspille mat dem Jugendorchester gespillt.