Am Kader vun hirer reegelméisseger Formatiounsrei „Lunch & Learn“ huet d’Banque centrale du Luxembourg (BCL) Blëtz a.s.b.l. agelueden. Fir d’Associatioun waren d’Presidentin Chantal Keller an de Comitésmember Marc Metz dobäi. D’Chantal Keller huet d’Formatioun fir 50 Participante gehalen an iwwer d’Warnzeechen, d’Preventioun an d’Konsequenze vun engem Hierschlag geschwat.
Mat der BEFAST-Method huet si gewisen, wéi een d’Warnzeeche séier erkennt a firwat all Minutt zielt. Si huet och erkläert, wéi Facteure wéi héije Bluttdrock, Fëmmen a Beweegungsmangel de Risiko beaflossen a wat een am Alldag maache kann, fir en ze reduzéieren. Zum Schluss war Zäit fir Froen an e perséinlechen Austausch. D’Formatioun koum bei de Participante ganz gutt un, an eng zweet ass an Aussiicht.
Du musst angemeldet sein, um kommentieren zu können.