E Sonden, den 20. Oktober ass déi grouss Konferenz vu Blëtz a.s.b.l. am Kader vum Weltdag vum Hiereschlag zu Beetebuerg am Schlass ofgehale ginn. Invitéiert ware Betraffener, Memberen, Fachpersonal, Dokteren esou wéi Vertrieder aus der Politik.
Et war eis eng immens Freed, de Leeder vum Institut fir Ethik a Geschicht vun der Medezin vun der Uni Freiburg, de Prof. Dr. Giovanni Maio, op eiser Konferenz begréissen dierfen. Seng philosophesch an empathesch Ried iwwert d’Verletzlechkeet vum Mënsch, déi duerch eng Krankheet ervirgeruff gëtt, wäert nach ville vun eis an Erënnerung bleiwen.
Zesumme mat eisem Éieregaascht an all eise Gäscht hu mir e flotten a conviviale Moment verbruecht, bei deem d’Opklärung iwwert den Hiereschlag am Mëttelpunkt stoung. Un dëser Plaz wëlle mir nach eng Kéier alle Participantë villmools Merci soen:
Du musst angemeldet sein, um kommentieren zu können.