20. September 2021 : De Blëtz ass ëmmer ënnerwee fir Kampagne iwwert d’Präventioun

Den 20. September war de Blëtz ënnerwee, dës Kéier bei gero (RBS) Kompetenzzenter fir den Alter, ofgeleet vun Gerontologie, der Wëssenschaft iwwert d’Altern.
Mat enger Powerpoint iwwert de Schlag an d´Aktivitéiten vum Blëtz, besonnesch en vue vum Weltdag vum Hiereschlag, den 29. Oktober, konnte mir e groussen Interessi am Publikum erwächen.
Et goufe vill Froe iwwert d`Präventioun an déi richteg Reaktioun am Fall vun engem Hiereschlag gestallt!
E grousse Merci vun eis un gero an d´Madamm Viveke Walter.