Am Kader vun der Journée mondiale de l’AVC war Blëtz a.s.b.l. och dëst Joer nees am CHEM vertrueden. Zesumme mat de medezineschen Ekippe konnte mir en Informatiounsstand opstellen an Doppler-Ënnersichunge vun den Halsschlagoderen ubidden. Dës goufe vum Dr. Dirk Ulbrich an Dr. Jil Kauffmann, Neurologen am CHEM, duerchgefouert. Béid sinn op den zwou weidere Fotoen ze gesinn.
Op der Gruppefoto si Serge Haag, Directeur des Soins, Dr. Touraj Rastegar, Directeur Médical Adjoint, an d’Equipe médico-soignante vum CHEM ze gesinn. Blëtz a.s.b.l. war vertrueden duerch Chantal Keller, Presidentin, Anne Brimaire-Hoffmann, Sekretärin, Marc Metz, Member vum Comité, a Brigitte Neve, Employée administrative.
E grousse Merci un d’Direktioun an déi ganz Ekipp vum CHEM fir hire léiwen Empfang, hiren Engagement an déi gutt Zesummenaarbecht.
Bei engem Hierschlag zielt all Minutt. D’Warnzeechen erkennen an direkt den 112 uruffe ka Liewe retten!
Du musst angemeldet sein, um kommentieren zu können.