À propos vum COVID-19:

Mir maache keng Pétanque a keng Porte Ouverte bis op weideres.
Passt gutt op a respektéiert all Mesuren.
Mir freeën eis drop, Iech gesond erëmzegesinn!

De Comité vum Blëtz

Wat muss ech maache fir mech ze schützen a fir ze verhënneren, datt ech mech ustiechen?

Et gëllen déi nämmlecht Virsiichtsmoossname bei all anerer Infektioun vun den Otemweeër och.Dat Allerwichtegst: Wäscht Iech reegelméisseg a richteg d’Hänn. Dir fannt déi beschten Aart a Weis fir sech d’Hänn ze wäschen online op sante.lu/coronavirus.Dir houscht oder néitscht? Maacht dat an een Nuesschnappech aus Pabeier oder an den Ielebou a geheit d’Nuesschnappech nom Gebrauch an eng Dreckskëscht mat engem Deckel.Verzicht drop anere Leit d’Hand ze ginn oder se op de Bak ze këssen.Bleift doheem wann Dir krank sidd! Gidd net schaffen!Evitéiert den noe Kontakt zu kranke Leit (haalt een Ofstand vun op d’mannst 2 Meter)Vermeit et esouvill wéi méiglech fir Äert Gesiicht mat Ären Hänn ze beréieren.

Ech war an enkem Kontakt mat infizéierte Persounen. Wat muss ech an de 14 Deeg no dësem Kontakt maachen, och wann ech keng Symptomer weisen?

  • Bleift doheem an evitéiert de Kontakt mat anere Leit
  • Rufft d’Inspection sanitaire un um (+352) 2478 5650, déi da kann decidéiere fir Iech a Quarantän ze setzen
  • Bleift erreechbar fir d’Inspection sanitaire

Dir hat enke Kontakt wann Dir:

  • Wann Dir mat engem Patient zesummegelieft hutt, wärend dëse Symptomer gewisen huet
  • Wann Dir den Ament, wou ee kranke Patient gehouscht oder genéitscht huet oder och wärend enger Diskussioun
  • Wann Dir Zäit mat engem Flirt verbruecht huet oder intime Kontakt mat enger Persoun hat
  • Mat Äre Schoulkomeroden oder Aarbechtskolleegen zesumme waart
  • Wann Dir am Fliger oder Zuch nieft engem kranke Patient souzt oder wann Dir an engem zouene Raum (wéi z.B. een Auto) mat engem Patient waart.

Wat bedeit et ënner Quarantän gesat ze ginn?

 Et handelt et sech ëm eng Mesure fir eng u sech gesond Persoun, déi awer enke Kontakt mat enger kranker Persoun hat, ze isoléieren. Dës Mesure, déi drop aus déi ëffentlech Gesondheet ze garantéieren a vun der Inspection sanitaire kann decidéiert ginn, dauert ënnerschiddlech laang, ofhängeg vun der maximaler Inkubatiounszäit vun der Krankheet (Corona-Virus: 14 Deeg). D’Quarantän kann doheem oder an engem Quarantän-Zenter gemaach ginn. Wärend der Quarantän kann déi betraffe Persoun sech net fräi beweegen.Si gëtt an där Zäit vun der Inspection sanitaire krankgeschriwwe wat gläichzesetzen ass mat engem Krankeschäin an och esou vun der Krankekeess unerkannt ass. Wann d’Quarantän vun den zoustännegen Autoritéite vun engem aneren europäesche Land decidéiert gëtt, da gëtt des Decisioun vu Lëtzebuerg unerkannt.

Wat bedeit eng Isolatiounsmoossnahm?

Et geet hei drëms fir eng Persoun, déi krank an ustiechend ass, ze isoléieren. Dës Mesure gëtt vum Dokter, deen de Patient behandelt, decidéiert. Falls néideg kann den Isolement och vun der Inspection sanitaire gefuerdert ginn z.B. wann de Patient den Isolement oder déi néideg Behandlung refuséiert. D’Dauer vum Isolement hänkt dovun of wéi laang de Patient aner Leit kann ustiechen.Den Isolement gëtt normalerweis an engem Spidol gemaach, en ass awer och doheem méiglech. Während der Dauer vun der Krankheet, schafft de Patient net wat gläichzestellen mat engem Krankeschäi vum Dokter, deen de Patient behandelt.

Kann ech an ee Risikogebitt reesen?

Evitéiert souwäit dëst méiglech ass an eng Risikogebitt ze reesen, also eng Géigend wou d’Epidemie am Gaang ass.Wann Dir trotzdeem an esou eng Risikozon reest, da sidd Dir dem Risiko ausgesat Iech unzestiechen. Haalt Iech dofir souwuel un déi lokal Richtlinne wéi och folgend Rotschléi:Evitéiert de Kontakt mat Leit, déi krank sinn, speziell mat Leit, déi houschtenEvitéiert Mäert a Plaze wou mat doudegen oder liewegen Déieren gehandelt gëttWäscht Iech reegelméisseg d’Hänn mat Waasser a Seef ODER benotzt een Desinfectant op Basis vun AlkoholEvitéiert de Kontakt mat Déieren, hire Sekreter an ExkrementerEt ass méiglech, datt Är Reespläng doduerch ännere well verschidde Plaze riskéieren zougemaach oder ënner Quarantän gesat ze ginn.

Ech war an de leschte 14 Deeg an engem Risikogebitt an ech fille mech net gutt (Féiwer, Houscht, Otemproblemer). Wat muss ech maachen?

Wann Dir Symptomer weist (Féiwer, Houscht, Otemproblemer) an Dir waart an enger Risikozon, oder wann eng Persoun aus Ärem noen Ëmfeld krank ass an an enger vun dësen Zone war, da rufft d’Inspection sanitaire un (+352 247-85650) resp. tëschen 19h00 an 8h00 den 112 an erkläert Ären Historique vun Ärer Rees an Är Symptomer.Gitt net an eng Salle d’Attente sëtzen a gitt och net an d’Urgences. Fir ze verhënneren, datt Dir aner Leit ustiecht, ass et unzerode fir Ofstand zu deene Leit ze halen. Bedeckt Äre Mond an Är Nues mat engem Nuesschnappech, dat ee kann ewechgeheie wann Dir néitscht oder houscht. Geheit d’Nuesschnappecher an eng Dreckskëscht mat engem Deckel a wäscht Iech oft a richteg d’Hänn.

Ech weise Symptomer (Houscht, Féiwer, Otemproblemer), mä ech war an de leschte 14 Deeg net an engem Risikogebitt. Wat muss ech maachen?

Wann Dir net an enkem Kontakt mat enger kranker Persoun waart, déi a leschter Zäit an engem Risikogebitt war, da braucht Dir Iech net ze beonrouegen. Dir hutt warscheinlech eng saisonal Gripp. Gitt an deem Fall bei Ären Hausdokter.

Wann Dir aus engem Risikogebitt erëmkommt ouni Symptomer ze weisen, mä et kéint awer sinn, datt Dir geleeëntlech Kontakt mat infizéierte Persounen hat, da passt an de 14 Deeg no Ärem Retour op folgend Saachen op:

  • Iwwerwaacht all Dag d’Symptomer (Houscht, Otemproblemer)
  • Moosst d’Féiwer zweemol den Dag
  • Wäscht Iech oft a richteg d’Hänn
  • Evitéiert de Kontakt gebriechleche Persounen
  • Maacht Är üblech Aktivitéite virun

Categories :