10. Juli 2023: D’Alessandra Lops an den Jo fueren 8000 km mam Velo fir de Blëtz

Mir sinn erëm mam Vëlo ënnerwee an dës Kéier si mir dann endlech zu 2.

Lëtzebuerg – München
7 Deeg – 605 km

Mir hunn eis virun enger Woch mam Vëlo Richtung München gemaach. Mir haten flott Vëlosweeër a schéin Landschaften ënnerwee.

Déi psychesch an physesch Gesondheet ass weiderhin ee ganz wichtegt Thema, fir dat mir eis mat eisem Projet wëllen staark maachen. Duerch e gesonden Liewensstil kann den ënnerlechen Equiliber gehalen ginn an sech viru Krankheeten, wéi dem Hiereschlag geschützt ginn.

8000km fir den Blëtz!

Et ass na net ze spéit en Don ze maachen an soumat eise Projet an Zesummenarbescht mat der Blëtz asbl. ze ënnerstetzen.

Ënner folgendem Link kënnt dir en Don maachen https://gofund.me/40aaef60

Mir soen Merci am viraus an freeën eis iwwert Är Ënnerstëtzung,

Ali (Alessandra) & Baba (Jo)

Categories :