11. Mee 2024: Gemeng Schëtter ënnerstëtzt de Blëtz mat engem Concours

E Samschden, den 11. Mee, huet d’Gemeng Schëtter e Kuche- bzw. Bakconcours um Maart organiséiert. Beim Concours am Kader vun de Fairtrade-Wochen (vum 1. bis de 14. Mee) ass drop opgepasst ginn, dass beim Baken op d’mannst een Ingredient aus fairem Ubau benotzt ginn ass. Nom Concours ass all eenzelne Kuch versteet ginn. Den Erléis an der Héischt vun 220 Euro gouf un eis Associatioun gespent, déi sech fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt. D’Nicole Backes-Walesch an d’Yasmine Silbereisen war fir d’Blëtz a.s.b.l. sur Place. Am Numm vun der ganzer Associatioun soe mir der Gemeng Schëtter an de Participante vum Concours villmools Merci fir dësen Don an hiren Engagement! 

Categories :