De 11 November ass d’Trésorière, d’Nicole Walesch an d’Membre vun Comité, d’Karin Magar-Klein vum Club Senior Kielen invitéiert ginn. Am Kader vun engem Informatiounsmoien huet si eng Präsentatioun iwwert d’Ursaachen a Konsequenze vun engem Hiereschlag fir d’Membere vum Club gehalen. De Publikum huet groussen Interessi gewisen a vill Froen zum Thema gestalt. Mir soen dem Club Senior Kielen vun Häerze Merci fir d’Opportunitéit, bei hinnen iwwert den Hiereschlag opzeklären. Mir freeën eis, dass si am Club opmierksam op eisen Aktivitéite maachen a besiche si ganz gären nees sur Place.
You must be logged in to post a comment.